Den Album sollt fir 7 Grammy’e nominéiert ginn. Dovun huet d’Band ëm de Sänger Billie Joe Armstrong de Grammy fir de Beschte Rock Album vum Joer 2005 gewonnen. Um Album drop sinn d’Hits „American Idiot“, „Boulevard of Broken Dreams“, „Holiday“ a „Wake Me Up When September Ends“.